VIDEONowuess-Cyclisten halen dem Bob Jungels de Bass

Tëscht zwee Trainingsstagen hat de Bob Jungels en Dënschdeg seng Supporter op eng Autogrammstonn invitéiert.

Bob Jungels hëlt sech Zäit fir Nowuesssportler (17.01.2018)
Tëscht zwee Trainingsstagen hat de Bob Jungels en Dënschdeg seng Supporter op eng Autogrammstonn invitéiert.
Ier déi nei Saison, wou de Bob Jungels als Leader vu senger Equipe Quick-Step Floors un den Depart vum Tour de France geet, lancéiert gëtt, hate seng Supporter en Dënschdeg nach eng Kéier d'Chance de 25 Joer jonke Sportler an entspaanter Atmosphär ze begéinen. 

Nieft Autogrammen haten déi jonk Nowuess-Cyclisten och d'Méiglechkeet um Vëlo géint de Profi unzetrieden. Fir de Bob Jungels war et eng ongewinnte Konkurrenz. 

Déi jonk Nowuesssportler hu sech motivéiert gewisen, dem beschte Lëtzebuerger Coureur de Bass ze halen. Och wann den Éiergäiz do ass, esou profitéiert ee gäre vun deem Moment nieft dem beschte Jonken aus dem Giro d'Italia ze pedaléieren.

Dem éischte Rendez-vous vun der Saison kuckt de Bob Jungels trotz den héijen Erwaardungen entspaant entgéint. Nervositéit ass beim Lëtzebuerger nach keng do. Hie freet sech virun den éischte Coursen elo emol nach op de leschte Stage a Südafrika an da kann et lassgoen.