Tour Down UnderPeter Sagan wënnt 4. Etapp, Laurent Didier gëtt den 10.

Op der 4. Etapp vum Tour Down Under an Australien konnt sech de Weltmeeschter Peter Sagan d'Victoire am Sprint sécheren.

© afp
Wéinst där extremer Hëtzt war d'Etapp eng Stonn méi fréi wéi geplangt un den Depart gaangen.

No 128 Kilometer a bei Temperaturen ëm déi 45 Grad konnt sech de Peter Sagan op der 4. Etapp am Sprint virum Südafrikaner Daryl Impey an dem Spuenier Luis Leon Sanchez duerchsetzen.

De Laurent Didier fiert an der nämmlechter Zäit wéi de Gewënner als 10. iwwert de wäisse Stréch. De Ben Gastauer huet sech als 66. op ronn 9 Minutte klasséiert.




Leader am General ass elo de Peter Sagan, dat mat engem Virsprong vun 9 Sekonnen op den Daryl Impey.
Am General läit de Laurent Didier op der 27. Plaz, dat mat engem Retard vu 14 Sekonnen. De Ben Gastauer ass de 60. op 9 Minutten a 16 Sekonnen.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.