Cyclocross-WM10 Sportler selektionéiert, dorënner Christine Majerus

D'Vëlos-Federatioun huet um Méindeg d'Selektioun fir d'Cyclocross Weltmeeschterschaft bekannt ginn.

© pressphoto.rtl.lu (archiv)

Am Ganze goufen 10 Sportler zeréckbehalen, ënnert anerem bei den Dammen d'Christine Majerus.

Bei der Elite sinn et de Vincent Dias dos Santos, de Scott Thilges an de Gusty Bausch, fir deen et déi 20 Weltmeeschterschafte sinn.

PDF: De Communiqué vun der Federatioun mat all de Nimm vun de Selektionéierten

D'WM ass dëst Joer den 3. a 4. Februar zu Valkenburg an Holland.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.