Tour duerch d'AlgarveGeraint Thomas wënnt Zäitfueren, Bob Jungels op der 8. Plaz

Déi drëtt Etapp vum Tour duerch d'Algarve war een Zäitfueren iwwer 20,3 Kilometer vu Lagoa op Lagoa.

© afp
Dee Séierste war hei de Brit Geraint Thomas. De Coureur vu Sky hat um Enn eng Avance vun 11 Sekonnen op de Belsch Victor Campenaerts a vun 19 Sekonnen op de Schwäizer Stefan Küng.

De Bob Jungels kënnt hei op déi 8. Plaz, hien huet déi 20,3 Kilometer a 24 Minutten an 58 Sekonnen hannert sech bruecht a war deemno 49 Sekonne méi lues, ewéi de Gewënner aus Groussbritannien.

Am General huet den Geraint Thomas elo eng Avance vun 22 Sekonnen op säin Teamkomerod Michal Kwiatkowski aus Polen. Op der drëtter Plaz steet, mat engem Réckstand vun 32 Sekonnen, den Nelson Oliveira vun der Equipe Movistar. De Bob Jungels konnt sech ëm dräi Positioune verbesseren a steet elo no dëser drëtter Etapp op der 4. Plaz mat engem Retard vun 52 Sekonnen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.