Tour duerch d'AlgarveGroenewegen wënnt 4. Etapp, Jungels op der 24. Plaz

Op der 4. Etapp vum Tour duerch d'Algarve ass et iwwer 199 Kilometer vun Almodôvar op Tavira gaangen.

© pressphoto (Archiv)
No der 1. Etapp konnt sech den Dylan Groenewegen och d'Victoire op der 4. Etapp am Sprint sécheren. Op d'Plazen zwee an dräi sinn de Matteo Pelucchi an den John Degenkolb gefuer. De Bob Jungels ass mat engem Réckstand vun 3 Sekonnen de 24. ginn.

Am General bleift de Geraint Thomas un der Spëtzt. De Brit huet eng Avance vun 19 Sekonnen op de Pol Michal Kwiatkowski an 32 Sekonnen op de Portugis Nelson Oliveira. De Bob Jungels ass de 4. op 52 Sekonnen.

Um Sonndeg gëtt déi 5. a leschten Etapp gefuer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.