Omloop Het NieuwsbladDe Michael Valgren wënnt de Semi-Klassiker „Het Nieuwsblad"

Op der 73. Editioun gouf et no 196 Km vu Gand op Ninove eng Victoire vum Michael Valgren aus Dänemark, dat virum Lukaz Wisniowski an dem Sep Vanmarcke.

De Jempy Drucker an den Alex Kirsch haten ee Retard vun 12 Sekonnen a fueren als 30. respektiv 35. iwwer d'Arrivée.

Bei den Damme koum d'Christine Majerus op déi 46. Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt an 32 Sekonnen op d'Gewënnerin Christine Malling aus Dänemark.