UCI-President fuerdertDoping-Affär ëm Chris Froome soll virum Tour de France gekläert sinn
De President vum Internationale Radsport-Verband UCI drängt an der Doping-Affär ëm de Chris Froome op eng Entscheedung nach virum Tour de France.
Vun RTL
D'Anti-Doping-Tribunal vun der UCI beschäftegt sech aktuell mat deem Fall. Et geet drëm op de Britt wéinst Doping gespaart gëtt oder net.
Den David Lappartient geet net dovun aus, dass scho virum Giro eng Entscheedung getraff gëtt, mä virum Tour de France misst dat awer onbedéngt geschitt sinn. Et wier eng ganz onglécklech Situatioun fir jiddereen, fir d'Organisatoren, fir d'UCI a fir d'Cyclisten.
UCI-President David Lappartient
Den Giro gëtt vum 4. bis den 27. Mee gefuer. Den Tour de France dauert vum 7. bis 29. Juli.
Scho Mëtt Dezember war bekannt ginn, dass eng Dopingprouf vum Froome bei senger Vuelta-Victoire am September 2017 eng ze héich Konzentratioun vum Asthmamëttel Salbutamol opweises hat. Zanterhier probéieren de Chris Froome a säin Team Sky den Tour-Gewënner z'entlaaschten.
Eng sëlleche Cyclisten, Teams, Courseveranstalter a Sponsoren hunn an der Lescht kritiséiert, dass et sou laang dauert, bis endlech eng Decisioun geholl gëtt an deem Dossier.
Loggt Iech w.e.g. an, fir dësen Artikel ze kommentéieren. Reservéiert Iech esou Ären "Nickname"! (Är Bäiträg ginn ënnert Ärem "Nickname" an ouni E-Mail-Adress verëffentlecht. Natierlech kënnt Dir Är Bäiträg och mat vollem Numm signéieren, dofir einfach déi betreffend Case bei Äre Login-Donnéeën ukräizen.)
Dir hutt de falsche Login an/oder Passwuert aginn.
D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.! Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.
Är Commentairen - Netikett
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.