Belgian Mountainbike ChallengeSøren Nissen gëtt senger Favoritteroll op 1. Etapp gerecht

Vun e Freideg bis Sonndeg ass de Søren Nissen bei der Belgian Mountainbike Challenge, der schwéierster Course vun dëser Zort an Nordeuropa, am Asaz.

De Lëtzebuerger Søren Nissen zielt du de grousse Favoritte bei der Belgian Mountainbike Challenge. Op der éischter Etapp ass hien dëser Roll och gerecht ginn. No 82,4 Kilometer ass de Søren Nissen als éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Lëtzebuerger Cyclocross Championat hat e Virsprong vun 1 Minutt a 7 Sekonnen op de Robbert de Nijs aus Holland. Op déi drëtte Plaz ass de Belsch Frans Claes gefuer. Hien hat e Réckstand vun 1 Minutt an 8 Sekonnen.



Um Samschdeg waarden 100 Kilometer op d'Coureuren an e Sonndeg op der leschter Etapp sinn et nach eng Kéier 67 Kilometer.

2017 war de Søren Nissen hannert dem Mathieu van der Pol den Zweeter bei der Belgian Mountainbike Challenge ginn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.