Belgian Mountainbike ChallengeSchlussvictoire fir de Søren Nissen

De Søren Nissen konnt sech d'Schlussvictoire bei der Belgian Mountainbike Challenge sécheren.

De Lëtzebuerger gewënnt virum Belsch Frans Claes an dem Robbert de Nijs aus Holland. De Søren Nissen war awer net deen eenzege Lëtzebuerger, deen um Depart war.

De Scott Thiltges kënnt um Enn op déi 32. Plaz, iwwerdeems de Pol Weisgerber de 54. gëtt.