Tour duerch KalifornienFernando Gaviria wënnt déi 5. Etapp, Van Garderen Leader

Am Tour duerch Kalifornien gouf déi 5. Etapp gefuer, wou de Kolumbianer Fernando Gaviria als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer ass.

© AFP-Archiv
Et war seng zweeten Etappevictoire beim Tour duerch Kalifornien.

Als Zweeten ass den Caleb Ewan iwwert de wäisse Stréch gefuer. De Ben Gastauer koum als 102ten un.

Am Generalklassement huet den Amerikaner Tejay Van Garderen nach ëmmer d’Nues vir. De Ben Gastauer steet hei op der 46ter Plaz mat engem Retard vu 16 Minutten an 44 Sekonnen.