Skoda Tour de LuxembourgTDL: Prolog integral a lescht Stonn vu 4 Etappen am Stream op RTL.lu

Um Freideg war d'Presentatioun vum Skoda Tour de Luxembourg.

Skoda Tour de Luxembourg 2018 am Iwwerbléck (18.05.2018)
Um Freideg war d'Presentatioun vum Skoda Tour de Luxembourg.
Wéi gewinnt gëtt 1 Prolog gefuer a 4 Etappen. Am Ganze si 15 Ekippe mat allkéiers 7 Coureuren um Depart.

De Prolog kann een integral am Stream op RTL.lu kucken an och déi leschte Stonn vun den Etappe gëtt live um Internet iwwerdroen.



Op der leschter Etapp kënnen 100 Hobbyfuerer fir de gudden Zweck un den Depart goen.

Eng Neierung gëtt et dëst Joer. Virun der Arrivée vun der leschter Etapp, kënnen Hobbyfuerer un den Depart goen.

Den Andy Schleck

De President vun der Organisatioun vum Tour de Luxembourg, Andy Schleck, huet erzielt, datt dëst een Zäitfueren de Pabeierbierg erop ass, kuerz a knackeg, limitéiert op 100 Leit an datt den Erléis fir de gudden Zweck ass.

An dat Ganzt ass sonndes, den 3. Juni.