FOTOEN A VIDEO: Schleck Gran FondoFrank & Andy Schleck, Miguel Indurain a Jens Voigt um Depart

E Samschdeg war nees déi grouss Gran Fondo vum fréieren Etappegewënner am Tour de France, mat Depart an Arrivée zu Munneref. E Freideg war Pasta Party!

Den 38 Joer ale pensionéierte Vëlosprofi huet bei dëser Cyclo-Tourist den Adepte vun der Petite reine d’Méiglechkeet ginn, seng fréier Trainingsstrecken ze entdecken.

Iwwer 155 Kilometer war de Belsch Jeroen Vercammen de Séiersten. Hien huet 3 Stonnen, 56 Minutten a 36 Sekonne gebraucht. Op déi zweete Plaz ass de Lëtzebuerger Tim Diederich gefuer, dat an der nämmlechter Zäit wéi de Vercammen. Um Podium stoung nach de Belsch Frederic Glorieux. Hien hat e Réckstand vun 1 Sekonn.

De Lex Reichling huet sech als 7. klasséiert op 7 Sekonnen.

© Henri Schwirtz


An de leschte Wochen hat de Frank Schleck mat engem Grupp vu Vëlosfuerer haart fir déi zweeten Editioun vun der Grand Fondo trainéiert. E Samschdeg war endlech de grousse Moment koum. En Highlight fir eis Hobbycyclisten, déi mat fréiere Staren ewéi de Jens Voigt, den Andy Schleck an de Miguel Indurain fuere konnten. Do ware si dann och duebel motivéiert

Zweet Editioun vun der Schleck Gran Fondo (27.05.2018)
An de leschte Wochen huet de Frank Schleck mat Hobbycyclisten trainéiert. E Samschdeg si si nieft dem Jens Voigt an dem Miguel Indurain un den Depart gaangen.


Um Freideg den Owend war als groussen Opening vum Gran Fondo eng Pasta-Party.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.