Tour de SuisseBMC gewënnt d'Ekippenzäitfuere fir den Optakt

Iwwer 18,30 Kilometer war BMC déi stäerksten Ekipp am Feld a kënnt no 20 Minutten an 18 Sekonnen op d'Arrivée.

© AFP (Archivbild)

Dowéinst fiert och e Sonndeg de Schwäizer Stefan Küng vun der amerikanescher Formatioun am giele Maillot vum Leader vum Tour de Suisse. Op d'Plaz 2 kënnt d'Team Sunweb mat 20 Sekonne Retard, Drëtt ginn d'Coureure vu Quick-Step Floors op 27 Sekonnen.

De Ben Gastauer kënnt mat AG2R op déi 16. Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt a 7 Sekonnen. Am General ass de Lëtzebuerger den 73.

Resultat vun der 1. Etapp



General

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.