OVO Energy Women's TourD'Jolien D'Hoore wënnt am Sprint, Christine Majerus am Biergtrikot

D'Jolien D'Hoore aus der Belsch huet déi 1. Etapp am Sprint gewonnen, dat virum Marta Bastianelli an dem Coryn Rivera.

© twitter/thewomenstour
E Mëttwoch war déi éischt Etapp vum OVO Energy Women's Tour. Et goung iwwer 130 flaach Kilometer vu Framlingham op Southhworld.

Laang Zäit war de Peloton zesummen, keng Sportlerin wollt den éischten Effort maachen. No 27, 5 Kilometer stoung dunn déi eenzeg Biergwäertung vum Dag um Programm an hei war et d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer, d'Christine Majerus, wat hei als Éischt passéiert ass, fir sech de Maximum u Punkten ze sécheren. Domat wäert si en Donneschdeg am Biergtrikot fueren.




Dem Christine Majerus hir Teamkomerodin konnt sech iwwerdeems de Sprint-Trikot sécheren op der Etapp. D'Amy Pieters koum op déi 2. an 1. Plaz bei den Tëschesprints.




Et gouf déi komplett Etapp iwwer ëmmer erëm vill Attacken aus dem Peloton eraus, ma hei war den Tempo esou héich, dass kee fortkomm ass, esou dass et um Enn zu engem Massesprint komm ass.

Hei konnt sech d'Jolien D'Hoore behaapten. Déi belsch Cyclistin vun der Ekipp Mitchelton-Scott wënnt um Enn souverän virum Marta Bastianelli vum AléCipolliniTeam a virum Coryn Rivera vu Sunweb. D'Christine Majerus kënnt an der nämmlechter Zäit op déi 37. Plaz.

Am General féiert och d'Jolien D'Hoore, dat mat 2 Sekonnen Avance op d'Coryn Rivera a mat 4 Sekonnen op d'Marta Bastianelli. Hei ass d'Lëtzebuergerin och déi 37. an huet ee Retard vun 10 Sekonnen op d'Gewënnerin aus der Belsch.







D'Resultat vun der Etapp
1 D'HOORE Jolien Mitchelton Scott 03:14:29
2 BASTIANELLI Marta Ale Cipollini
3 RIVERA Coryn Team Sunweb
4 BRONZINI Giorgia Cylance Pro Cycling
5 DIDERIKSEN Amalie Boels Dolmans Cyclingteam
6 VOS Marianne Waowdeals Pro Cycling Team
7 FOURNIER Roxane Fdj Nouvelle - Aquitaine Futuroscope
8 WILD Kirsten Wiggle High5
9 BARNES Hannah Canyon // Sram Racing
10 GUARISCHI Barbara Team Virtu Cycling

De General no der Etapp
1 D'HOORE Jolien Mitchelton Scott 03:14:29
2 RIVERA Coryn Team Sunweb 02
3 BASTIANELLI Marta Ale Cipollini 04
4 PIETERS Amy Boels Dolmans Cyclingteam 05
5 ROWE Danielle Waowdeals Pro Cycling Team 08
6 HOSKING Chloe Ale Cipollini 09
7 BRONZINI Giorgia Cylance Pro Cycling 10
8 DIDERIKSEN Amalie Boels Dolmans Cyclingteam ST
9 VOS Marianne Waowdeals Pro Cycling Team ST
10 FOURNIER Roxane Fdj Nouvelle - Aquitaine Futuroscope ST

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.