FOTOEN a VIDEO: GP General PattonSchlussvictoire fir de Belsch Remco Evenepoel
De Belsch Remco Evenepoel wënnt déi 71. Editioun vum Grand Prix General Patton. De beschte Lëtzebuerger gëtt den Arthur Kluckers, hie kënnt op d'Plaz 16.
Vun RTL
X
GP General Patton: Schlussvictoire vum Remco Evenepoel (08.07.2018)
De Belsch gewënnt um Enn virum Mattia Petrucci an dem Xandres Vervloesem. Arthur Kluckers a Gilles Kirsch klasséieren sech op de Plaazen 16 an 19.Hannert de belsche Vainqueur Remco Evenepoel am General fiert den Italiener Mattia Petrucci mat engem Réckstand vun 2 Minutten a 40 Sekonne op déi 2. Plaz. An déi lescht Plaz um Podium geet un de Belsch Xanders Vervloesem, säi Réckstand huet sech op 5 Minutten a 7 Sekonne belaf. Op déi 16. Plaz am Schlussklassement kënnt den Arthur Kluckers mat 6 Minutten an 52 Sekonne Réckstand. Hie realiséiert domat déi bescht Lëtzebuerger Placéierung.
PDF: General vum GP General Patton
Weider Resultater vun de Lëtzebuerger:
19. Gilles Kirsch 7 Minutten an 2 Sekonnen
44. Nicolas Kess 17 Minutten an 59 Sekonnen
DNF Loïc Bettendorff
DNF Pol Nothum
DNF Joé Michotte
DNF Rafael Pereira Marques
RTL-NEWS: FOTOEN: GP General Patton: Remco Evenepoel wënnt 1.Etapp, Arthur Kluckers gëtt 4.
Är Commentairen - Netikett
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.