Mountainbike-MarathonSøren Nissen séchert sech Victoire no 116 Kilometer

De Søren Nissen huet de Mountainbike-Marathon um Erbeskopf iwwer 116 km gewonnen, dat a 4 Stonnen, 44 Minutten an 41 Sekonnen.

© Archivbild
De Lëtzebuerger huet domat um Enn mat 1 Minutt an 32 Sekonnen Avance op de Belsch Joris Massaer gewonnen. Op déi drëtte Plaz mat iwwer 10 Minutte Retard kënnt den zweete Belsch, de Steven Janssens.

Iwwer 63 Kilometer gouf et och eng Lëtzebuerger Victoire. Hei konnt sech de Scott Thiltges virum Lëtzebuerger Pol Weisgerber duerchsetzen. De Podium gouf komplettéiert vum Frederik Veith aus Däitschland.

Iwwer 37 Kilometer koum de Philipp Bützow op déi 3. Plaz. Bei den Dammen iwwer 37 Kilometer huet d'BEtty Kinn als 4. de Podium esou just verpasst.

E Samschdeg, den 21. Juli 2018 ass de Lëtzebuerger Championnat am Mountainbike zu Hesper um Holleschbierg. Dat hei war d'Generalprouf.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.