Tour duerch UtahTejay van Garderen wënnt Prolog, Ries an Didier verléieren Zäit

E Méindeg war den Optakt vum Tour duerch Utah. Den Amerikaner Tejay van Garderen konnt de Prolog gewannen, och 2 Lëtzebuerger sinn un den Depart gaangen.

© pressphoto Archiv
De van Garderen huet déi 5,3 Kilometer am Séiersten hannert sech bruecht a wënnt esou virum Joey Rosskopf an dem Tom Bohli, déi allen zwee, genau wéi de Gewënner, bei der Ekipp BMC fueren.

Aus Lëtzebuerger Siicht waren de Laurent Didier an de Michel Ries um Depart. De Michel Ries gouf e Méindeg de 75. op 31 Sekonnen. De Laurent Didier koum op déi 107. Plaz mat engem Retard vun 48 Sekonnen op de Gewënner. Déi 1. Etapp vum Tour duerch Utah geet en Dënschdeg iwwer 162 Kilometer ronderëm Cedar City.

Resultat vum Prolog
1 VAN GARDEREN Tejay (USA) 0:06:27,49
2 ROSSKOPF Joseph (USA) 0:00:03,76
3 BOHLI Tom (SUI) 0:00:06,47
4 POWLESS Neilson (USA) 0:00:06,93
5 EENKHOORN Pascal (NED) 0:00:10,68
6 TVETCOV Serghei (ROU) 0:00:11,09
7 BROWN Nathan (USA) 0:00:11,27
8 MCCABE Travis (USA) 0:00:11,52
9 HUFFMAN Evan (USA) 0:00:11,94
10 CLARKE William (AUS) 0:00:12,20

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.