Tour duerch Utah4. Etapp fir Philpsen, Kuss bleift am giele Maillot

De Michel Ries kënnt op déi 64. Plaz, de Laurent Didier op déi 77.

© Tour of Utah (https://www.tourofutah.com/)
Gewonne gouf déi 4. Etapp an der Nuecht op e Samschdeg eiser Zäit vum Belsch Jasper Hagens.

Am General bleift den Amerikaner Sepp Kuss vir, hien hat sech de giele Maillot op der zweeter Etapp duerch seng éischt Profi-Victoire gekroopt.

De Michel Ries kënnt hei op déi 34. Plaz mat engem Retard vun 11 Minutten an 38 Sekonnen, de Laurent Didier ass den 92. mat engem Retard vun 38 Minutten.

Déi drëtt Etapp e Freideg hat den US-Amerikaner Travis McCabe gewonnen. De Ries war hei de 66., den Didier 99.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.