Cyclissem-EMMatteo Trentin neien Europameeschter op der Strooss

E Sonndeg konnt sech de Matteo Trentin säin éischten Europameeschtertitel sécheren. Den Italiener war um Enn am sprëtzegsten.

© twitter/Glasgow2018
Den Trentin konnt de Sprint géint 4 aner Leit aus engem Spëtzegrupp eraus gewannen. De Mathieu van de Poel aus Holland kënnt um Enn op déi zweete Plaz, dat virum Wout van Aert aus der Belsch.

De Weltmeeschter Peter Sagan huet opginn, Am Ganze goung et iwwer naass 230,4 Kilometer ronderëm Glasgow.

De Matteo Trentin gëtt domat Nofolger vum Alexander Kristoff.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.