Tour de MoselleTom Wirtgen mat gudder Prestatioun

Am Ekippenzäitfueren kënnt d'U23-Nationalekipp op déi 5. Plaz an op der 3. Etapp vun de Mëtteg gëtt den Tom Wirtgen gudden drëtten.

Um Samschdeg stoungen op der Tour de Moselle direkt 2 Etappen um Programm. Moies en Ekippenzäitfueren iwwer 20,9 km an Mëttes eng Etapp iwwer 109,2 km vun Déifferdeng op Fameck.

Am Ekippenzäitfueren kënnt d'Nationalekipp mat engem Retard vun 22 Sekonnen op déi 5. Plaz. Gewannen konnt CR4C Roanne.

An der Etapp vun de Mëtteg gëtt den Tom Wirtgen gudden 3. an de Pit Leyder kënnt op déi 5. Plaz. Gewonnen huet de Flavien Dassonville virum Mathieu Rigollot.

LINK: Luc Wirtgen aus Lëtzebuerger Siicht déi gréissten Hoffnung

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.