FOTOEN A VIDEO - Cyclocross ZéissengChristine Majerus mat Victoire

Um Cyclocross zu Zéisseng wënnt d'Christine Majerus virum Elise Maes an dem Nathalie Lamborelle. Bei den Hären gëtt de Vincent Dias dos Santos den 3.

D'Christine Majerus gouf hirer Favoritteroll gerecht a konnt sech am regionale Cyclocross zu Zéisseng duerchsetzen. Op déi zweet Plaz koum d'Elise Maes (Zéisseng) virum Nathalie Lamborelle (Schëffleng).

FOTOGALERIE: Andréck vun der Course vum Roland Miny op pressphoto.rtl.lu.

Et war am Virfeld gewosst, dass ons Championne no deene 40 Minutte Course wuel als Éischt géing iwwer de wäisse Stréch fueren. Schonn am éischten Tour hurt d’Christine Majerus e grousst Lach op d’Konkurrenz erausgefuer, en Ecart, dee vun Tour zu Tour gewuess ass. Um Enn vun der Course war deen Avantage op 3 Minutten a 24 Sekonne gewuess, fir d’Sëlwermedailegewënnerin op der Weltmeeschterschaft dëst Joer am Contre-la-montre par équipe war dëse Cross eng besser Trainingsunitéit.

Cyclocross: Majerus viru Maes a Lamborelle (25.11.2018)
D’Christine Majerus hat et sech net huele gelooss, fir beim Cyclocross vun hirem Veréin SAF Zéisséng un den Départ ze goen ... an ze gewannen.


Bei den Häre gewënnt de Belsch Senne de Meyer viru sengem Landsmann Loic Hennaux an dem Téitenger Vincent Dias dos Santos, deen e Retard vun 8 Sekonnen op de Gewënner hat.

Un der Elite/Espoir-Course, wou 46 Coureuren ageschriwwe waren, huet onse Champion Sören Nissen och nees deelgeholl. Um Depart stoung hien an der 3. Rei an huet sech deemno missen no vir schaffen. Dëst ass dem gebiertegen Dän, deen zanter engem Joer d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet, dann och gelongen. E Platten huet e bessert Classement verhënnert. Um Enn ass et eng 6. Plaz mat 36 Sekonne Réckstand.

Beschte Junior gouf de Loïc Bettendorf a bei den Debutanten gewënnt bei den Hären de Mathieu Kockelmann a bescht Damm gouf d'Marie Schreiber.

© Jacques Joseph


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.