Schlecht Noriichte fir Thomas a Co.Sky zitt sech no der Saison 2019 aus dem Cyclissem zeréck

D'Ekipp Sky wëllt 2020 dann ënnert engem neien Nummer weider maachen, wann dann een neie Sponsor fonnt gëtt.

© AFP

Aus dem Cyclissem ass et d'Nouvelle, datt d'Entreprise Sky sech aus dem Cyclissem zeréck zitt. Domadder muss sech déi britesch Vëlosekipp Sky no der Saison 2019 een neien Haaptsponsor sichen. Och d'Zesummenaarbecht mat der britescher Vëlosfederatioun gëtt net weider gefouert.




D'Coureuren an de Staff kruten d'Nouvelle während hirem Trainingslager op Mallorca.

D'Ekipp ronderëm den Tour de France-Gewënner vun dësem Joer, Geraint Thomas, wëllt no der nächster Saison ënnert engem neien Nummer weider maachen, wann een dann een neie Sponsor fënnt. Dëst dierft net einfach ginn, well Sky ass mat engem geschätzte Joresbudget vu 34 Milliounen Euro déi finanzstäerkst Ekipp am Cyclissem.

Zanter dem Ufank vum Engagement am Joer 2010 hunn dräi britesch Vëlosfuerer fir déi britesch Formatioun den Tour de France gewonnen. De Bradley Wiggins (2012), de Chris Froome (2013, 2015, 2016, 2017) an den Geraint Thomas (2018).

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.