Cyclocross zu NamurChristine Majerus 24., Sören Nissen 52.

Zu Namur an der Belsch gouf e Sonndeg déi 6. Manche vun der Coupe du Monde gefuer.

© RTL (Archiv)

Eng Lëtzebuerger Selektioun war och um Depart:

Bei den Dammen gewënnt d’Hollännerin Lucinda Brand, virun hirer Kompatriotin Marianne Vos. D'Christine Majerus klasséiert sech als 24. op iwwer 3 Minutten.

Bei den Espoire fiert den Nicolas Kess op déi 37. Plaz an dat mat knapp 6 Minutte Retard op den Englänner Thomas Pidcock.

Bei de Juniore gëtt den Tom Paquet de 37., de Mik Esser klasséiert sech als 42.

Bei den Häre gëtt de Sören Nissen den 52. an de Luc Turchi de 57. D'Victoire war fir den Hollänner Mathieu van der Poel.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.