No enger Chute am TrainingDe Jempy Drucker huet sech d'Schlësselbee gebrach

De Lëtzebuerger Vëlosprofi huet sech iwwer d'Chrëschtdeeg am Training d'Schlësselbee gebrach a gouf schonn operéiert.

© Jempy Drucker Twitter
Dat huet de Coureur vun der Ekipp Bora-hansgrohe en Donneschdeg op seng Twitter-Account bekannt ginn. Schonns e Mëttwoch ass den Drucker an der Belsch zu Herentals operéiert ginn.

Ewéi de Lëtzebuerger selwer seet, wier d'Operatioun gutt verlaf an hie géif sech drop freeën, fir 2019 mat senger neier Ekipp nees voll kënnen unzegräifen.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.