Lëtzebuerger CyclistenJungels, Drucker, Kirsch a Geniets an hiren neien Trikoten

D'Coureure vun der Ekipp Deceuninck - Quick-Step hu mëttlerweil hir nei Trikoten an hunn och schonns an dësen trainéiert.

© ©Deceuninck – Quick-Step Cycling Team/ Sigfrid Eggers
Fir de Bob Jungels a seng Teamkomerode huet sech beim neien Trikot awer net all ze vill geännert. Hei e puer Impressioune vun den neie Mailloten.


No erfollegräiche Jore bei der Ekipp BMC geet fir de Jempy Drucker dann elo ee ganz neit Kapitel un. Vun der neier Saison u wäert hien dann nämlech am Maillot vun der Ekipp Bora-hansgrohe fueren, dat un der Säit vum Peter Sagan.




Den Alex Kirsch huet dann och ee grousse Schratt no vir gemaach. Nodeems de Laurent Didier säi Kontrakt net verlängert krut, fiert awer elo mam Alex Kirsch een aner Lëtzebuerger bei Trek Segafredo.




De Kevin Geniets fiert dann och bei enger neier Ekipp. Hien ass vun AG2R bei Groupama FDJ gewiesselt.




Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.