2. Etapp vum "Festival du cyclisme féminin Elsy Jacobs"Victoire fir d'Elena Cecchini aus Italien

Déi italienesch Championne war um Enn déi Séierst. D'Christine Majerus kënnt op dëser Etapp op déi 8. Plaz mat engem Retard vun 2 Sekonnen.

D'Etapp goung iwwert 102 Kilometer vu Garnech op Garnech.

D'Chantal Hoffmann fiert als 75. mat engem Retard vun 10 Minutten iwwert de wäisse Stréch. D'Laurence Thill kënnt op déi 90. an d'Elise Maes op déi 92. Plaz mat engem Retard vun iwwer 13 Minutten. Déi aner Lëtzebuergerinnen hu missen opginn.

Am General bleift d'Hollännerin Anna van der Breggen op der éischter Plaz. Hei ass d'Christine Majerus op der staarker 5. Plaz op 13 Sekonnen. D'Chantal Hoffmann läit op Plaz 78 mat ronn 11 Minutte Retard, d'Elise Maes ass 95. an d'Laurence Thill fënnt een op der 106. Plaz erëm.

De Reportage vum Rich Simon