Festival Elsy JacobsSchlussvictoire vum Anna van der Breggen

Mat der Schlussvictoire vun der Hollännerin Anna van der Breggen ass e Sonndeg de Festival Elsy Jacobs op een Enn gaangen.

Schlussvainqueur gett d’Anna Van der Breggen vun Rabo (03.05.2015)
Um Enn vun der leschter étape behapt sech d’Hollännerin Floortje Mackaij. D’Christine Majerus gett dat 5t. Am Général gett d'Cyclisstin vun Boels dat 6t.

Déi leschten Etapp war no 99 Kilometer zu Mamer fir d'Floortje Mackaij och aus Holland.

D'Christine Majerus huet sech nees vun hirer beschter Säit gewisen a kënnt an der Etapp op déi 5. Plaz an dest just véier Sekonnen hannert der Gewënnerin. 
Am General gouf d'Lëtzebuerger Championne déi ganz gutt 6. mat just engem Retard vun 13 Sekonne.
Nieft der Lëtzebuerger Championne sinn och nach d'Chantal Hoffmann an d'Elise Maes d'Course op een Enn gefuer. An der Etapp koum d'Chantal Hoffmann op déi 87. an d'Elise Maes op déi 92. Plaz. Am General koume si op déi 77. respektiv 92. Plaz.

Et war eng Etapp déi där vu gëschter geglach huet. Eng Echappée vun 3 Leit huet sech eng 20 Kilometer virun der Arrivée vum Peloton konnten ofsetzen. Dee Spëtze-Peleton, wou d'Christine Majerus als eenzeg Lëtzebuergerin mat dra war, huet sech nees verrechent a koum net méi ganz un d'Echappée erun.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.