Meeschterschaften am CyclissemChristine Majerus verdeedegt nationalen Titel

Op de Meeschterschaften am Cyclissem geet de Championstitel bei den Dammen un d'Christine Majerus. Bei de Masters war de Pascal Triebel de Séiersten.

E Samschdeg waren d'Nowuessklassen, d'Dammen an de Masters um Depart. Um Sonndeg ass et dann un der Elite.

Bei den Damme gëtt et déi erwaarte Victoire vum Christine Majerus. Déi momentan bescht Lëtzebuerger Cyclistin hat guer keng Problemer fir d'Konkurrenz hannert sech ze loossen a domadder schonns deen 20. nationalen Titel an hirer Carrière ze sammelen. D'Elise Maes an d'Chantal Hoffmann sti mat um Podium.

Bei de Masters féiert kee Wee laanscht de Pascal Triebel. De fréiere Cyclocross-Spezialist wënnt virum Dan Bintz an dem Enzo Mezzapesa.

Hei d'Iwwersiicht vun deenen anere Kategorien:

Débutants

Rik Karier
Tristan Parrotta
Ken Conter

Cadets


Jordi Wagner
Yannick-Ben Otten
Loic Bettendorf

Minimes

Max Gilles
Mill Morang
Olivier Kirsch

Débutants Dames:

Anne-Sophie Harsch
Cecilia Rees

Junior Dames:

Claire Faber
Antonia Rees




Majerus bei den Dammen an Triebel bei de Masters (27.06.2015)
D'Favorite konnte sech um Enn duerchsetzen.


Nowueskategorien (27.06.2015)
Um Samschden sinn am Velo d' Nowueskategorien am d'Titele gefuer.


Eng 152 Kilometer stinn e Sonndeg fir d'Haaptcourse um Programm. Fir d'éischt gëtt een Tour iwwer Land vu ronn 60 Kilometer gefuer. Duerno sti nach 8 Tier vun 11,5 Kilometer ronderëm Wolz um Programm.

Beim Contre la Montre war kee Kraut géint de Bob Jungels gewuess. Souverän huet hie sech behaapt. Den Trek Profi zielt och um Sonndeg zu de Favoritten. Eng zousätzlech Motivatioun dierft sinn, dass hie gären am rout/wäiss/bloen Trickot iwwer d'Stroosse vun der Grande Boucle géif fueren. De Bob Jungels fënnt, datt den Tour vläit e bëssen manner schwéier ass, wéi an de leschte Joren, war vläit awer dem Jempy Drucker entgéint kéint kommen.

Wéi och schonns déi Joere virdrun ass de Jempy Drucker vu BMC nees op sech alleng gestallt. Et soll ee d'Rechnung awer net ouni hie maachen. Hien ass den Ament dee Lëtzebuerger mat de séierste Been, wann et an de Sprint geet. Awer ass et eng schwiereg Course, wann een eleng do steet. Dofir probéiert hien, fir deenen aneren d'Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen an dat Bescht doraus ze maachen.

Trek huet de Virdeel, dass se kënnen zu 2 un den Depart goen. Fir de Laurent Didier gëtt et dofir awer net vill méi einfach. Déi aner véier Coureuren, souwéi déi vu Leopard a vun Déifferdeng, hu sech och weider entwéckelt, sou datt d'Course zimlech op ass, fënnt de Laurent Didier.

De Ben Gastauer vun AG2R La Mondiale muss ee natierlech och op der Rechnung hunn. Déi zwee Cult Profien, Joël Zangerlé an Alex Kirsch hunn Aussesäiter-Chancen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.