Meeschterschaften am Cyclissem zu WolzDe Bob Jungels ass neie Lëtzebuerger Champion

Den Trek-Profi wënnt virum Ben Gastauer an dem Pit Schlechter. De Laurent Didier an de Jempy Drucker hu fréizäiteg opginn.

De Bob Jungels hat sech am zweetleschten Tour ofgesat an hat um Enn eng Avance vun annerhallwer Minutte op de Ben Gastauer. Hannendru kommen de Pit Schlechter an de Joël Zangerle. Fir de Jungels ass et den zweeten Titel an der Course en Ligne bei de Profien no 2013. De jonke Lëtzebuerger wärt beim Tour de France also souwuel de Zäitfuer- wei och de Strossentrickot droen.

De Parcours war wéinst de grousse Réckstänn ëm een Tour gekierzt ginn an sou hunn d'Coureuren missten 141 km zeréckleeën. 

Et ass mat 100 à l'heure lass gaangen. Direkt nom Depart huet de Ben Gastauer een Tempo virgeluecht deem just e puer Coureuren konnte nogoen. A séier gouf kloer, dass fir d'Victoire just nach ee Grapp voll Leit a Fro géif kommen fir de Championstitel. An enger éischter Phase waren dat 4 Leit. De Bob Jungels, de Ben Gastauer, den Alex Kirsch an de Pit Schlechter.

Den Alex Kirsch huet awer no hallwer Course mussen lassloossen. Zu deem Ament haten de Jempy Drucker an de Laurent Didier näischt méi mam Ausgang vun der Course ze dinn. Si sinn genee wéi den Alex Kirsch d'Course och net méi op een Enn gefuer.

Titel fir Bob Jungels (28.06.2015)
De Bob Jungels gewënnt virum Ben Gastauer, drëtte gett de Pit Schlechter.

Bei den Espoirs gëtt et eng Victoire vum Leopard-Fuerer Tom Wirtgen virum Luc Turchi  an dem Larry Valvasori.

© Rich Simon


Bei der Elite ouni Kontrakt wënnt de Mike Diener, virum Ben Würth an dem Jérôme Ewen.

© Rich Simon


Cyclissem: Meeschterschaften op der Strooss (28.06.2015)
Juniorsen - Espoirsen - Elite ouni Kontrakt


Bei den Damme gouf et e Samschdeg wéi erwaart eng kloer Victoire fir d'Christine Majerus. Op d'Plazen 2 an 3 koumen d'Elise Maes an d'Chantal Hoffmann.

© Willy Schneider


Bei de Masters geet den Titel un de Pascal Triebel a bei den Debutanten un de Rik Karier.

Bei de Junioren ass d'Decisioun natierlech och gefall:

Colin Heiderscheid
Noah Fries
Pit Leyder

Beim Contre la Montre war kee Kraut géint de Bob Jungels gewuess. Souverän huet hie sech behaapt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.