TortourVictoire vum Lëtzebuerger Ralph Diseviscourt

En Interview mam Ralph Diseviscourt no senger éischter Plaz op der Vëloscourse iwwer 1.000 Kilometer.

Am Ultra Cycling gouf et bei der Tortour an der Schwäiz eng Victoire vum Lëtzebuerger Ralph Diseviscourt.

© EgelmairPhotography

De Marc Leyder ass op déi gutt 3. Plaz komm.

Tortour ass eng Vëloscourse vun iwwer 1000 km an 14.000 Héichtemeter.

No 36 Stonnen 51 Minutten an 22 Sekonne konnt sech de Ralph Diseviscourt e Samschdeg als Vainqueur vun der Ultra Cycling Course "Tortour" an der Schwäiz féiere loossen. Wéi et dem Lëtzebuerger op den 1.000 Kilometer ergaangen ass, weess d'Lynn Kayser.

Tortur Ralph Diseviscourt / Reportage Lynn Kayser



Coursen am Ultra Cycling Beräich ass de Ralph Diseviscourt der schonn eng Partie gefuer. Iwwert Distanz vun 1.000 Kilometer war et awer eng Première, an déi huet de Lëtzebuerger um Enn souverän iwwerstanen. No Ronn 200 Kilometer huet de Ralph Diseviscourt d'Féierung an der Course iwwerholl an ass du senger Victoire entgéint gefuer. De Moment vun der Arrivée zu Schaffhausen no ronn 37 Stonne war dann och ganz emotional fir den Ultracyclist.

Da sinn déi Momenter, wou een drop hischafft, seet de Lëtzebuerger. Esou eppes ass dann extrem flott, och well d'Famill, d'Kanner an d'Fra op der Arrivée gewaart hunn. Deenen no esou enger laanger Course an d'Äerm ze falen, datt ass de schéinste Moment, deen ee kann erliewen.

Dass Course sou et gutt Enn géint huelen, hat de Ralph Disvescourt direkt am Ufank vu senger Aventure net gemengt. Well sou optimal d'Course vun den 200 Kilometer u Verlaf ass, waren déi éischt Kilometeren nom Depart net. Et ass stresseg a mat vill Nervositéit ugaangen. Déi éischt 30 Kilometer ass een ouni voiture d'assistance gefuer, et huet een also och eleng missten navigéieren. Kuerz virun der éischter Kontrollstatioun hat den Ultracyclist sech dann och e bëssi verfuer, sou datt hien do Zäit verluer hat, an e puer Konkurrenten ware laanscht hie komm. Dobäi sinn dann och nach e puer Problemer mat de Funken an der Navigatioun am Auto komm.

Bei esou enger laanger Course iwwert bal zwee Deeg ginn et der tëschent natierlech och ëmmer méi schwiereg Momenter, déi ee, iwwerstoe muss. Dat Schwieregst ënnerwee fir de Ralph Diseviscourt war de Manktem vu Schlof. Course vu 500 bis 600 Kilometer ass de Ralph Diseviscourt, wéi och de Mark Leyder scho gefuer, do feelt dann eng Nuecht Schlof. Mä bei den 1.000 Kilometer sinn et der dann direkt zwou Nuechten, wat da méi schwéier ze geréieren ass. Dat Schwéierst fir de Lëtzebuerger war als waakreg a konzentréiert ze bleiwen.

De Ralph Diseviscourt ass e Coureur, deen déi warem Temperaturen net esou gären huet an normalerweis och kee Problem mat Reen huet, mä bei der Tortour huet et awer och him e bëssen ze vill gereent.

No senger Victoire ass de Ralph Diseviscourt elo schonn zeréck zu Lëtzebuerg an an de nächsten Deeg heescht et fir den Ultracyclist sech ze erhuele vu de Strapazen, déi hien an de knapp 37 Stonnen ze iwwerstanen hat.

Victoire vum Lëtzebuerger Ralph Diseviscourt (17.08.2015)
Am Ultra Cycling gouf et bei der Tortour an der Schwäiz eng Victoire vum Lëtzebuerger Ralph Diseviscourt. De Marc Leyder ass op déi gutt 3. Plaz komm.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.