Doud vum fréiere Lëtzebuerger Vëlosprofi Jeng Kirchen

Traureg Nouvelle aus dem Sport: De fréiere Vëlosprofi Jeng Kirchen ass en Dënschdeg am Alter vun 90 Joer gestuerwen.

Mam Jeng Kirchen huet e grousse Lëtzebuerger Vëlosprofi eis fir ëmmer Äddi gesot.

De Monni vum Kim Kirchen sengem Papp Erny gouf 90 Joer al.

Bei de Profien huet de Jeng Kirchen 16 Succèse gefeiert.

Mat 34 Joer huet den 2-fache Lëtzebuerger Champion de Vëlo an den Eck gestallt.

Och fir de Jeng Kirchen war den Tour de France déi schéinste sportlech Erausfuerderung. Kuerz nom 2. Weltkrich gouf hien 1948 an 1950 all Kéiers de 5. an der Grande Boucle.

 AUDIO: De Jeng Kirchen huet sech viru genee engem Joer hei op RTL Radio Lëtzebuerg drun erënnert, dass et am Tour de France als klenge Lëtzebuerger net ëmmer einfach war... »


Vun dëser Plaz aus, eis opriichteg Bäileed fir d'ganz Famill Kirchen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.