La Flèche Wallonne am LivestreamFränk Schleck no Chute out - lénkst Schlësselbee gebrach

D'Flèche Wallonne live dëse Mëttwoch um 1. RTL. Mir iwwerdroen de Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg op RTL.lu an op der App.

Eng gutt 40 Kilometer virun der Arrivée war de Fränk Schleck an eng Chute verwéckelt. Doropshin huet de Lëtzebuerger Coureur mussen opginn. Hien huet sech dat lénks Schlësselbee gebrach. E geet awer nach an d'Spidol, fir sécher ze goen.

REPLAY - De leschte Cyclissem-Video nach eemol kucken

Cyclissem Video News (04.06.2017)
Cyclissem Video News




Am Cyclissem steet haut mat der Flèche Wallone den zweeten Ardennenklassiker um Programm.

Am Ganze sinn 4 Lëtzebuerger mat dobäi, de Frank Schleck, de Laurent Didier, de Bob Jungels an de Ben Gastauer.

Och bei der 80. Editioun dierft Decisioun nees an der legendärer Mur de Huy falen.

D'Course gëtt de Metten vu véierel op zwou un op der Tele an op rtl.lu Live iwwerdroen.

An och um Radio gitt der um Lafende gehalen.

Och bei de Fraen ass haut d'Flèche Wallone.

Als eenzeg Lëtzebuergerin sollt d'Christine Majerus mat dobäi sinn, ma d'Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer ass awer net un den Départ gaangen.

Den Ament ass nach net gewosst wisou dat de Fall ass.


Commentaire:
Tom Flammang a Kim Kirchen

Sender:
1. RTL
Ufank vun der Emissioun : 14h15
Viraussiichtlech Ënn vun der Emissioun: 17h00

Flèche Wallonne - De Reportage vum Rich Simon



FOTOGALERIE: Biller op pressphoto.rtl.lu