Chaîne de l’Espoir BelgiqueDepart vum "Tour de Luxembourg fir de gudden Zweck" !

Den Arnaud, de Guillaume, de Cédric an de Julien fueren an 3 Deeg 350km duerch d'Land a sammelen iwwer Parrainage fir e sportlech solidaresche Projet.

Mam Erléis sollen direkt 3 Projeten vun Chaîne de l’Espoir Belgique ënnerstëtzt ginn. Dobäi sollen an der Belsch an am Ausland Kanner medezinesch behandelt ginn, wou et am Hierkunftsland net méiglech wor.

Um, Freideg wor deêmno den Depart un der Grenz zu Arel, an e Sonndeg kënnt och dir un der 3. a leschter Etapp deelhuelen, dat zesumme mam Andy Schleck!

Lass geet et zu Izeg um 10 Auer, fir 15 Euro Participatioun an och méi kann ee sech nach bis den Samschdeg an Nomëtteg umellen op www.chaine-espoir.be

 
En Dënschdeg kënnt am Magazin op der Télé de Reportage iwwert dësen Tour Luxembourg fir de gudden Zweck.