CyclissemChristine Majerus a Bob Jungels Champion am Contre la Montre

D'Christine Majerus kann sech am Contre la Montre um 7.5 km laange Parcours bei den Dammen duerchsetzen an de Bob Jungels bei den Hären.

D'Christine Majerus huet sech am Contre la Montre vun de Landesmeeschterschaften zu Berbourg duerchgesetzt. Op Plaz 2 kënnt d'Anne Sophie Harsch an 3. gëtt d'Elise Maes.

De Bob Jungels ka senger Säit bei den Häre Champion ginn. Op 2. Plaz klasséiert sech de Jempy Drucker virum Alex Kirsch.
© Rich Simon


Championnat Cyclissem / Reportage Rich Simon



Cyclissem: Meeschterschaften am Zäitfueren (25.06.2016)
D'Christine Majerus an de Bob Jungels verdeedegen hieren Titel.


Elite ouni Kontrakt: 1) Christian Poos 2) Tim Diederich 3) Mike Diener
© Rich Simon


U23: 1) Kevin Geniets 2) Luc Turchi 3) Jan Petelin
© Rich Simon


Masters: 1) Daniel Bintz 2) Steve Moog 3) Olivier Zirnheld
© Rich Simon


Juniors: 1) Michel Ries 2) Raphael Kockelmann 3) Tristan Parrotta
© Rich Simon


Um Freideg huet am Cyclissem d'Lëtzebuerger Championnat ugefaang. An dat mam Contre la Montre an de verschiddenen Kategorien. D'Championnat gëtt vum Konter Club organiséiert. Gefuer gëtt allerdéngs zu Berbuerg.

Normalerweis ass de Contre la Montre ëmmer Donneschdes. Dat war dëst Joer awer net méiglech, erkläert de President vum ACC Conter, Alain Conter. Et wier wuel flott gewiescht op Nationalfeierdag ze starten, mä dëst war net méiglech, well do alles an de Virbereedunge war.

De Contre la Montre gëtt rondrëm Berbuerg op engem Parcours vu 7,5 Kilometer gefuer. Et geet vu Berbuerg op Manternach, wat keen einfache Parcours ass. Et ass zwar kee gréissere Bierg dran, mä et geet biergof a biergop. E faux Plat vun 2 Kilometer, wou et biergop geet, ass fir en Zäitfuere schonn eppes schwéieres.


Bei de Profie ginn de Ben Gastauer, De Fränk Schleck an de Laurent Didier net un den Depart. Dofir awer aner grouss Nimm, wéi Bob Jungels, Jempy Drucker oder Alex Kirsch.

D'Christine Majerus ass déi leschte Woch am Tour duerch England gefall. D'Lëtzebuerger Championne geet awer un de Depart.

Nom Contre la Montre geet et um Samschdeg an e Sonndeg weider mat de verschiddene Course en Ligne. Och déi ginn op engem Parcours gefuer. Deen e Samschdeg ass ähnlech wéi dee vum Contre la Montre, just datt eng Schläif dobäi kënnt, fir datt een eng méi schéin Droite op der Ligne d'Arrivée huet. E Sonndeg kënnt dann nach eng weider Schläif mat enger Kopp dobäi.

D'Championnat am Cyclissem zitt all Joer vill Leit un. Dofir réit den Alain Conter de Spectateuren net ze probéieren, fir mam Auto bis op d'Arrivée ze fueren. An der Géigend vum Berbuerger Kierfecht ass e grousse Parking ausgezeechent, wou d'Leit hir Autoe sollen ofstellen. De Parking ass zwar 1 Kilometer vun der Arrivée ewech, awer just 100 Meter vun der Streck, déi e Sonndeg gefuer gëtt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.