Cyclissem, National MeeschterschaftenBob Jungels verdeedegt nationalen Titel

Perfekte Weekend fir de Bob Jungels. Nom Succès am Zäitfuere verdeedegt dee Sechste vum Giro och säin Titel op der Strooss. Zweete gëtt den Alex Kirsch.

136 hiwweleg Kilometer stoungen um Sonndeg bei den nationale Stroossemeeschterschafte bei der Elite um Programm. Um Enn gëtt et eng net ganz iwwerraschend Victoire vum Bob Jungels.

De Sechste vum Giro setzt sech zu Berbuerg en solitaire virum Alex Kirsch an dem Fränk Schleck duerch. Hannert Jungels, Kirsch a Schleck koumen de Ben Gastauer an den Tom Thill op d'Plazen 4 a 5.

Déi positiv Iwwerraschung war ouni Zweiwel de Kevin Geniets. Hie konnt sech net nëmmen den Titel bei den Espoirs sécheren, mä huet et och fäerdeg bruecht fir mat de Profien iwwer d'Arrivée ze fueren. De Jan Petelin an den Tiago da Silva kommen op d'Éiereplazen.
 


Fir de Bob Jungels geet domadder ee perfekte Weekend op en Enn. Schonns e Freideg konnt den Etixx-Quick-Step-Profi säin Titel am Zäitfueren souverän verdeedegen. Fir den 23 Joer ale Coureur ass et no 2013 an 2015 deen drëtte Lëtzebuerger Championstitel an der Stroossecourse.



Bei der Elite ouni Kontrakt geet den Titel un de Pol Weisgerber virum Philippe Herman an dem Mike Diener. 

Bei de Juniore gewënnt de Michel Ries vun Dippech mat enger décker Minutt Avance op de Ken Conter vun Téiteng. Als Drëtte fiert de Mich Leider (Dikrech) iwwert d'Arrivée zu Berbuerg.

FOTOGALERIE: Impressiounen op pressphoto.rtl.lu

Déi national Championnen an Europa am Iwwerbléck:

Frankräich: Arthur Vichot

Däitschland: Andre Greipel

Belsch: Philippe Gilbert

Spuenien: Jose Joaquin Rojas

Italien: Giacomo Nizzolo

Tschechien: Roman Kreuziger

Slowakei: Juraj Sagan

Bob Jungels verdeedegt Titel (26.06.2016)
Mam Fränk Schleck an dem Ben Gastauer goufen zwee Coureuren aus dem Grand-Duché fir den Tour de France selektionnéiert.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.