FOTOGALERIE: Cyclocross-ChampionnatScott Thiltges neie Lëtzebuerger Champion

Den Alzenger Scott Thiltges konnt zu Remerschen bei de Baggerweieren den éischte Championstitel feieren, dat virum Pit Schlechter an dem Gusty Bausch.

Scott Thilges neie Champion am Cyclocross (07.01.2017)
Mat op de Podium kommen de Pit Schlechter an de Gusty Bausch


Interview Scott Thiltges



De Champion en titre, de Christian Helmig, war ouni Chance a gëtt um Enn nëmmen de 7ten. 

Bei den Espoiren gouf et um Enn eng Victoire vum Luc Turchi. De Felix Keiser an de Pit Leyder komplettéieren de Podium. 

Bei den Dammen huet sech d'Christine Majerus den 8. Titel geséchert, virum Nathalie Lamborelle an dem Suzie Godart.



Bei den Espoiren ass et eng Victoire vum Edie Rees.



Bei de Junioren war et eng Victoire vum Tristan Parrotta virum Nicolas Kess an dem Félix Schreiber.

Cyclocross Championnat zu Remerchen (07.01.2017)
Den Tristan Parrotta gewënnt bei de Junioren, bei den Dammen geet den Titel un d'Christine Majerus


Bei den Debutanten ass de Jang Leyder als Éischten iwwert d'Arrivée gefuer, virum Loïc Bettendorf a Pablo Blatt. D'Laetitia Maus war dat bescht Meedchen.



Bei de Masters hat de Paul Bentner d'Nues vir, als Zweeten koum de Steve Moog un, virum Mich Kohnen.



Op d'Coureuren hat e Circuit vun 2,5 Kilometer gewaart. Vill Kéieren, enk Passagen, eng Trap, eng länger Sandpassage, bal keng Héichtemeter, dofir awer e puer kleng a knackeg Steigungen hat den Organisateur de VC Schengen an de Parcours mat agebaut. Alles an allem e physesch usprochsvolle Circuit.