BGL LigueDéifferdeng, Diddeleng an d'Jeunesse gewannen

Um Sonndeg stoungen an der BGL Ligue 6 Partien um Programm.

Um 10. Spilldag kënnen Hueschtert, Déifferdeng, Diddeleng an d'Jeunesse gewannen.  D'Fola spillt nëmme gläich.

Hueschtert - US Esch 3:1

Schonn no 8 Minutten konnt Hueschtert duerch e Goal vum Pomponi a Féierung goen. De Stumpf sëtzt sech ganz staark duerch, gëtt de Ball op de Pomponi an dee ka ganz eleng an de Goal käppen. Dono ass Hueschtert och déi besser Equipe bliwwen an hunn ugefaange och schéin Kombinatiounen ze weisen. An der 42. Minutt konnt den Dervisevic dann och no engem Corner op 2:0 erhéijen.
D'US Esch koum awer däitlech besser aus der Kabinn a konnt dann och direkt den 1:2 markéieren. No engem gehalene Schoss vum Gomes Landim huet de Guerra keng Problemer de Ball am Goal ënner ze bréngen.

Péiteng - Déifferdeng 0:2

D'Gäscht sinn no 15 Minutte mat 1:0 duerch de Perez a Féierung gaangen. Déi Péitenger waren dono awer net ouni Chance an hunn an der 43. Minutt mat engem Kappball vum Banza just knapps den Ausgläich verpasst.
An der zweeter Halschent konnt de Perez dann an der 70. Minutt mat sengem zweete Goal dann nach den 2:0 markéieren. Et war awer e spannende Match a béid Equippen hunn de Lait eppes gebueden.

Stroossen - F91 Diddeleng 1:4

An den éischte Minutten huet Diddeleng Stroossen iwwerrannt a konnt schonn no 4 Minutte mat 1:0 a Féierung goen. E Schoss vum Pokar kann de Schon just ofpralle loossen, de Stolz reagéiert am séiersten an et stoung 1:0. Nodeems den Hoffmann bei Stroossen no 30 Minutten huet missen verletzt ausgewiesselt ginn, konnt den Turpel an der 42. Minutt op 2:0 erhéijen. 15 Minutten waren an der zweeter Halschent gespillt wéi de Cabral no engem Corner konnt den 3:0 schéissen. Nëmmen 2 Minutte méi spéit spillt de Schulz eng Doppelpass mam Jager a kann fir den 1:3 verkierzen. Mee an der 86. Minutt huet den Ibrahimovic mam 4:1 alles kloer gemeet an Diddeleng gewënnt souverän.



Fola - Munneref 1:1

No der éischter Halschent louch Mondorf verdéngt mat 1:0 a Féierung. Et war de Sinani deen mat der éischter Goalchance an engem Fräistouss konnt den 1:0 markéieren. D'Fola huet huet keng Mëttele fonnt fir d'Defense vu Mondorf ze iwwerwannen.
An der zweeter Halschent huet sech d'Bild awer geännert an der Heemequipe ass et elo gelongen fir sech Goalchancen eraus ze spillen. No 61 Minutten huet et dunn och gerabbelt an dat duerch de Seydi. No engem Corner kann hien aus kuerzer Distanz an de Goal schéissen. Dono ass dann och net méi vill geschitt an et ass beim 1:1 bliwwen.

Racing - Jeunesse 1:2

De Match war knapps ugepaff dunn huet et schonn am Goal vun den Escher gerabbelt. No Viraarbecht vum Ramdani, hat de Shala keng Problemer de Ball aus kuerzer Distanz am Goal ënner ze bréngen. Dono war de Racing déi besser Equipe a konnt sech och déi besser Chancen eraus spillen mee e weidere Goal sollt net méi dobäi eraus sprangen.
No der Paus ass d'Jeunesse dann besser an de Match komm an huet et gepackt de Match ze dréinen. No enger Flank vum Pinna konnt den N'Diaye an der 56. Minutt den 1:1 markéieren. An an der 81. Minutt war et de Kyereh deen d'Jeunesse a Féierung bruecht huet.

© Maya & Robert Straus

E Sonndeg den Owend koum d'Nouvelle, dass de Racing sech vu sengem Trainer Jacques Muller getrennt huet. Mam Patrick Grettnich huet een och schonn en neien Trainer fonnt.

RTL-NEWS: Muller net méi Trainer beim Racing, Grettnich iwwerhëlt

FOTOGALERIE: Andréck vum Match Racing-Jeunesse vum Maya a Robert Straus

Rouspert - Rodange 1:1

An engem ganz faire Match kruten d'Leit an der éischter Halschent keng Goaler ze gesinn. Rodange war a Saachen Spillopbau a Goalchancen awer déi liicht besser Equipe.
No 64 Minutte konnt Rodange dunn awer mat 1:0 a Féierung goen. No engem Gewulls am Strofraum kënnt den El Guerrab nach esou just un de Ball an dréck de Ball iwwert d'Linn. 7 Minutte méi spéit huet Rouspert awer geäntwert an duerch den Hartmann den 1:1 markéiert.

Um Samschdeg schonn hat de Progrès Nidderkuer mat 1:3 géint den RM Hamm Benfica de Kierzere gezunn.

Progrès Nidderkuer verléiert géint den RM Hamm Benfica (05.11.2017)
E Samschdeg huet den Tabellenzweeten fir déi 2. Kéier dës Saison verluer.


LINK: All d'Matcher an d'Tabell am Iwwerbléck

De Weekend waren och nees a ganz Koup Lëtzebuerger Footballer am Ausland am Asaz.

RTL-NEWS: Lëtzebuerger Footballer am Ausland

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.