Internationale FootballManchester City an Chelsea gewannen

Um Sonndeg stoungen an de verschiddenen Europäesche Ligen eng Partie interessant Matcher um Programm.

© AFP
Premier League
Am englesche Championnat stoung d'Spëtzepartie tëscht Manchester City an Arsenal London um Programm. D'Heemequipe ass am Moment an enger exzellenter Form an huet och géint Arsenal gewonnen an dat mat 3:1 duerch Goaler vum De Bruyne, Agüero an Gabriel Jesus. De Goal vun Arsenal huet de Lacazette geschoss.
Schonn um 13:00 Auer misst Tottenham doheem géint den Tabelleleschten Crystal Palace untrieden. Dank engem Goal vum Heung-Min Son konnt d'Heemequipe sech mat 1:0 duerchsetzen a bleiwen soumat drëtten an der Tabell hannert deenen zwee Veräiner vu Manchester.
Am zweete Spëtzematch ka sech Chelsea duerch e Goal vum Morata an der 55. Minutt mat 1:0 géint Manchester United duerchsëtzen.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Premier League am Iwwerbléck

Serie A
Mëttes um 12:30 huet den Inter Mailand géint den FC Torino gespillt. Den Eder huet mat engem Goal an der 79. Minutt nach den 1:1 geschoss a soumat 1 Punkt fir d'Mailänder gerett. D'Juventus vun Turin war géint den Opsteiger Benevento laang Zäit mat 0:1 am Réckstand mee dank zwee Goaler vum Higuain a Cuadrado konnten se de Match dréinen a mat 2:1 gewannen. Donieft gewënnt d'AS Roum zu Florenz an engem Match mat ville Goaler 4:2 an den AC Mailand wënnt 2:0 bei Sassuolo Calcio.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Serie A am Iwwerbléck

Ligue 1
Metz verléiert ouni de Vincent Thill (net am Kader) a Chris Philipps (nëmmen op der Bänk) däitlech mat 0:3 géint den zweetleschten Lille. Nice gewënnt duerch e Goal vum Balotelli mat 1:0 géint Dijon. Ausserdeem ka Marseille däitlech mat 5:0 géint Caen gewannen.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Ligue 1 am Iwwerbléck

Primera Division
E Sonndeg den Owend konnt sech Real Madrdi mat 3:0 géint Las Palmas behaapten. Fir d'Goaler hunn de Casemiro an der 41. Minutt, den Asensio an der 56. Minutt an den Isco an der 74. Minutt gesuergt.

Am spuenesche Championnat steet no 11 Spilldeeg Barcelona mat 31 Punkten un der Spëtzt vun der Tabell. Do hannen dru komme Valencia a Real Madrid mat 27 respektiv 23 Punkten.

LINK: All d'Matcher an d'Tabell aus der Primera Division am Iwwerbléck

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.