BGL LigueMuller net méi Trainer beim Racing, Grettnich iwwerhëlt

No der 1:2-Defaite géint d'Jeunesse huet de Racing sech vum Trainer Jacques Muller getrennt. De Patrick Grettnich gëtt den neien Trainer.

© RTL Télé Lëtzebuerg
Trainerwiessel beim Racing / Reportage Jeff Kettenmeyer



Fir de Racing leeft et bis ewell dës Saison an der BGL Ligue net gutt. No 10 Spilldeeg huet een nëmme 6 Punkten a steet op der zweetleschter Plaz an der Tabell. Schonn am Ufank vun der Woch war kloer, dass de Match géint d'Jeunesse de leschte fir de Jacques Muller géing ginn. Den Ex-Trainer huet no senger Entloossung Verständnis fir d'Decisioun vum Veräin gewisen an hofft, dass säin Nofolger de richtege Knäppche fënnt, fir de Racing nees an d'Spur ze bréngen. D'Equipe wär nämlech op takteschem Plang gutt opgestallt an och physesch prett, sou de Jacques Muller. De Racing an de Jacques Muller sinn am Gudden ausernee gaangen an eventuell bleift de Muller an enger anerer Funktioun beim Stader Veräin.

Extrait Jacques Muller



D'Relève vum Jacques Muller iwwerhëlt de Patrick Grettnich. Hie war nom 3. Spilldag an der BGL Ligue zu Stroossen entlooss ginn. Co-Trainer gëtt de Sam Kalabic.

De Patrick Grettnich huet sech um Samschdeg scho Mol de Racing ugekuckt.© Val Wagner


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.