DFBKrug als Supervisor vum Videobeweis ofgesat

Den DFB huet de fréiere FIFA-Arbitter Hellmut Krug vu sengem Posten entlooss, well him Manipulatioun als Chef vum Videobeweis virgeworf gouf.

© AFP (Archiv)
D'Decisioun, den Hellmut Krug vu sengem Posten z'enthiewen, gouf um Méindeg op enger Sëtzung vum DFB geholl. Bis op Weideres oll elo de Chef vun den däitschen Arbitter Lutz Michael Fröhlich och fir de Videobeweis responsabel sinn.

De Krug soll dem Projet awer erhale bleiwen. Wéi et vum DFB heescht, géif hei sech op déi inhaltlech Analyse an d'Dokumentatioun konzentréieren. Dem Hellmut Krug gouf virgeworf, datt hien als Supervisor an der Videozentral zu Köln onerlaabten Afloss op d'Entscheedunge vun de Video-Assistente geholl hätt. De Krug selwer huet dat ëmmer bestridden.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.