FLFBal e Frëndschaftsmatch géint Argentinien

Bal hat et geklappt, datt d'FLF-Formatioun am November e Frëndschaftsmatch géint Messi a Co gespillt hätt.

© AFP

Football Rdv'en Nationalequipe - vum Fränky Hippert

De President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun Paul Philipp confirméiert, datt et Kontakter goufen.

Am Fall vun Argentinien ass dat iwwert een Agent gelaf. Et gëtt awer och eng aner Méiglechkeet, fir Géigner fir Frëndschaftslännermatcher ze fannen.

Et ass natierlech Schued, datt et elo am November keen zweete Match fir d'Rout Léiwe gëtt, fir datt jonk Nationalspiller Erfarung kënne sammelen, wat den internationale Rhythmus ugeet. Mä den FLF-President Paul Philipp seet, dat hien probéiert, en vue vun der Nations League, déi nächst Joer am September ufänkt, am Mäerz an am Juni 4 Frëndschaftslännermatcher ze spillen.

Den 22. Mäerz spillt d'FLF-Formatioun op Malta. Wann d'Rout Léiwen an der Nations League net géint d'Mëttelmierinsel spillen, ass esouguer e Retourmatch am Juni hei zu Lëtzebuerg ugeduecht. Ob et dann och nach e Rendez-vous am August gëtt, wou ee virun der Nations League kann testen, ass nach net gewosst, esou den President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun.

De Lëtzebuerger Foussballnationaltrainer Luc Holtz hätt gär en zweete Frëndschaftslännermatch elo am November gehat. Et gouf awer just ee géint Ungarn, en Donneschdeg den Owend um 20 Auer am Stade Josy Barthel. Mat e bësse Chance, an e bësse méi Driff, wéi aus verschidde Footballkreesen ze héieren ass, wär esouguer een Testmatch géint Argentinien mat Messi a Co. méiglech gewiescht.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.