NogefrotManuel Cardoni als méiglechen A-Nationaltrainerposten

Onméiglech ass et net, datt de Luc Holtz eng Kéier eng Profiequipe am Ausland iwwerhëlt. E Favorit op seng Successioun ass do de Manuel Cardoni.

De Manuel Cardoni war den 30. Oktober Invité am Live! Planet People© RTL (Archiv)
A leschter Zäit war de Lëtzebuerger Footballnationaltrainer Luc Holtz bei deem engen oder anere Profi-Veräin am Gespréich. Zu Metz gouf den 48 Joer ale Lëtzebuerger jo vun der franséischer Sportzeitung l'Equipe als éischt Alternativ hannert dem neie Coach Frédéric Hanzt gehandelt. Et ass jo kloer, datt sech dunn an der Lëtzebuerger Footballwelt awer och Gedanke gemaach goufen, wien den Holtz op der Bänk vun de Roude Léiwe kéint ersetzen. Do ass dunn de Numm vum FLF-U-21 Nationaltrainer Manuel Cardoni an d'Spill komm.

Cardoni als Nationatrainer / Reportage vum Franky Hippert



Et ass sécherlech net onméiglech, datt de Luc Holtz eng Kéier an d'Ausland bei e Profiveräin wiesselt. Bei der Lëtzebuerger Footballfederatioun ass et sécherlech och net onméiglech, datt den U-21 Trainer A-Nationaltrainer kéint ginn. Schliisslech ass et dem Luc Holtz, 2010 no der Demissioun vun deemolegen Nationaltrainer Guy Hellers, jo esou gaang. Wann een dann an de leschte Méint gesinn huet, wei positiv d'Optrëtter vun den U-21 vum Trainer Manuel Cardoni waren, ass et bestëmmt och net vun der Hand ze weisen, datt de fréiere Profi vun Leverkusen e potenzielle Successeur fir de Luc Holtz wär.

Hie konnt et relativ entspaant gesinn, well do quasi alles am Konjunktiv diskutéiert gouf. Dowéinst huet hie sech domadder och net beschäftegt, seet de potentiell Concernéierten.

Fir de Manu Cardoni spillt awer och nach en anere Facteur eng Roll. Sollt de Luc Holtz dann eng Kéier an d'Ausland goen, misst een och kucken, wat de Verband wéilt an ob dat dann och mam "neien" Trainer géif passen. Et ginn do esou vill Facteuren, esou datt de Manuel Cardoni sech do keng Gedanke gemaach huet an hien hat emol keng Zäit, fir sech mat renge Spekulatiounen ze beschäftegen.

Zu Monnerech bei der FLF observéiert een awer sécherlech ganz genee, wei de 45 Joer ale Cardoni sech mécht. Fakt ass awer, datt elo emol de Luc Holtz nach A-Nationaltrainer ass an dem Manuel Cardoni no seng Aarbecht op deem Poste ganz gutt mécht an och nach an Zukunft vill Spaass wäert hunn, well nach vill jonk a gutt Talenter nokommen.

Ma wei heescht et ëmmer an der Sportaart mam ronne Lieder. Football ass en Dagesgeschäft an do kann et heiansdo ganz séier goen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.