Opgeblosen zu MonnerechEn Terrain vun der FLF, fir bei all Wieder ze trainéieren

108 Meter laang, 66 Meter breet, 19 Meter héich, 4,5 Milliounen Euro. Datt sinn d'Zuele vum neie syntheteschen Terrain um Site vun der FLF.

Zanter 2000 investéiert d’Lëtzebuerger Footballfederatioun konsequent a hiren Nowuess. Um Site vun der Footballschoul gëtt aktuell en syntheteschen Terrain mat Iwwerdag fäerdeg gestallt. De Projet, dee ronn 4,5 Millioune kascht, soll am Dezember ofgeschloss ginn. D'Käschte vum Airdome ginn integral vun der UEFA iwwerholl.

En Dënschdeg gouf den Airdome opgeriicht. Et ass eng opblosbar Struktur, déi den neien Terrain an eng Hal ëmwandelt. Den Airdome ass 108 Meter laang, 65 Meter breed an 19 Meter héich.

Hei kënnen d’Spiller bei Keelt an Reen ënnert ideale Konditioune trainéieren. Et gëtt eng Heizung installéiert, déi et soll erlaben, och bei Minusgraden dobaussen, bei agreabelen Temperature Football ze spillen.

Extrait Joel Wolff (07.11.2017)
De Generalsekretär vun der FLF iwwer den Airdome.

En LED-Beliichtungssystem soll fir genuch Hellegkeet suergen.

Am Januar 2018 soll den neien Terrain operationell sinn, fir datt ee bei all Wieder drop trainéiere kann. Den Dome bleift dann och d'ganzt Joer iwwer stoen, ausser fir déi kuerz Period, wou d'Struktur an den Terrain musse gebotzt ginn.

© Val Wagner

Gonflage de l'air dome de la FLF demain matin à Mondercange

Les travaux de préparation en vue de l’installation de la structure gonflable du nouveau terrain couvert de la FLF (air dome de la société DUOL) sont enfin achevés !

Les multiples travaux de préparation ont été très intensifs et durent depuis mai 2017. La nouvelle structure de la FLF aura une superficie de 108 x 66 m et une hauteur de 19 mètres.

L’air dome sera « gonflé » demain mardi à partir de 08.00 hrs. Le spectaculaire gonflage de l’air dome durera environ 2 à 3 heures.

Après l’installation de la structure gonflable, un système d’éclairage (LED lighting system de 1000 Lux) et un nouveau gazon synthétique seront installés dans notre air dome.

Si le temps en novembre et en décembre le permettra (des travaux d’alentours restent encore à réaliser), il est prévu que tous les travaux seront achevés avant la fin de l’année.

FLF-Airdome gëtt opgeblosen (07.11.2017)
Onkommentéiert Videomaterial


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.