Progrès NidderkuerKarapetian fir 5 Matcher gespaart

Schlecht Nouvelle fir de Progrès. Den Alexandre Karapetian ass no senger router Kaart am Match géint den RM Hamm Benfica fir 5 Matcher gespaart ginn.

© pressphoto (Archiv)
De Stiermer vum Progrès Nidderkuer hat sech an der Partie géint den RM Hamm an der 37. Minutt zu enger Tätlechkeet hiräisse gelooss. De Karapetian war nach op Sursis, d'FLF-Verbandsgeriicht huet de Nidderkuerer elo fir 5 Matcher gespaart.

De Karapetian huet dës Saison an 10 Matcher ewell 13 Goaler markéiert. Nidderkuer steet de Moment op der 2. Plaz an der Tabell an huet ee Punkt Retard op den F91 Diddeleng.