No Karate-Trëtt géint FanPatrice Evra bis den 30. Juni 2018 vun der UEFA gespaart

Den 19. Oktober hat den Evra an der Europa League scho virum Match rout gesinn. De Spiller vu Marseille hat e Fan mam Fouss bei de Kapp gerannt.

© afp
D'UEFA huet de Spiller e Freideg bis den 30. Juni 2018 gespaart. De Patrice Evra däerf deemno u kengen europäesche Kompetitioune méi deelhuelen a muss eng Strof vun 10.000 Euro bezuelen.

Den Olympique Marseille hat de Verteideger kuerz nom Match suspendéiert, e Freideg koum d'Nouvelle, dass béid Parteie sech doropper gëeenegt hunn de Kontrakt mat effet immédiat opzeléisen.

RTL-NEWS: VIDEO: No Karate-Trëtt géint Fan: Olympique Marseille suspendéiert Patrice Evra




Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.