DFB PokalBayern wënnt Spëtzematch, Frankfurt wënnt a Verlängerung

En Dënschdeg ware schonns 4 Aachtelsfinallen am däitsche Pokal an um Mëttwoch sinn déi nächst véier Equippe fir d'Véierelsfinalle gesicht ginn.

© afp
En Dënschdeg konnt Mainz sech mat 3:1 géint de VfB Stuttgart behaapten, den Drëttligist Paderborn huet d'Schanzer vun Ingolstadt ausgeschalt, Wolfsburg huet 2:0 zu Nürnberg gewonnen a Schalke huet Köln mat engem 1:0 eliminéiert.

RTL-News: DFB-Pokal: Paderborn aus der 3. Bundesliga steet an der Véierelsfinall

Bayern München - Borussia Dortmund 2:1
Am Spëtzematch huet de BVB den Ufank vum Match komplett verschlof. Schonns an den éischte 15 Minutten hat de Rekordmeeschter véier riseg Chancë fir den 1:0 ze markéieren. An der 3. Minutt ass de Vidal un der Lat hänke bliwwen, nëmme 5 Minutte méi spéit huet de Bürki am 1 géint 1 d'Iwwerhand géint de Lewandowski behalen an an der 11. Minutt huet nees de Bürki eng gutt Figur gemaach.

An der 13. Minutt war et dunn allerdéngs geschitt. No engem Fräistouss huet de Süle zwar nëmmen d'Lat getraff, ma vun der Lat ass de Ball bei de Boateng komm, dee mat engem Kappball géint d'Lafrichtung vum Bürki den 1:0 markéiere konnt.




Nom 1:0 konnt Dortmund emol e bësse Fouss faassen. Ewéi een du geduecht huet, et kéint awer nach een Duell op Aenhéicht ginn, huet Bayern eng zweete Kéier zougeschloen. De Müller krut op der rietser Säit de Ball, huet eng Une-deux mam Lewandowski gespillt an de Müller huet de Ball iwwer de Bürki an de Goal gelupft.

Esou konnt Bayern mat enger komfortabeler Avance an déi zweet Hallschent goen. Nom Säitewiessel huet d'Equipe vu München nees mat Vollgas lassgeluecht. An der 50. Minutt huet op een Neits de Bürki Schlëmmeres verhënnert, dat mat enger super Parad géint de Kappball vum Thomas Müller.

An der 77. Minutt huet de BVB d'Partie dunn awer nach eng Kéier ganz spannend gemaach. De Kagawa huet de Yarmolenko um zweete Potto fonnt an deen huet de Ball mam Kapp am Goal ënnerbruecht.

An der 92. Minutt war et du bal den Ausgläich. Den agewiesselten Isak ass am Strofraum ugespillt ginn, do huet hien ee Verteideger mat engem Crochet stoegelooss an huet geschoss. De Ball ass nach vum Boateng ofgefälscht ginn an ass nëmmen Zentimeter laanscht de Potto gaangen. Et sollt awer kee Goal méi falen, esou dass BAyern um Enn mat engem bloen Aen dovu kënnt a mat 2:1 gewënnt.

1. FC Heidenheim - Eintracht Frankfurt 1:2
De Match zu Heidenheim huet mat Verspéidung missen ufänken, well d'Fans vu Frankfurt mat Bengalos fir uerdentlech Damp gesuergt hunn, esou dass een deelweis net vill gesinn huet.




Ewéi de Match dunn ugefaangen huet, war ofzegesinn, dass Frankfurt d'Spill an d'Hand huele misst. An den éischte 45 Minutte war allerdéngs net wierklech ee Klassenënnerscheed z'erkennen. Frankfurt war wuel iwwerleeën an hat méi vum Spill, ma déi besser Chancen hat d'Equipe aus der 2. Bundesliga. De Kraus an den Dovedan hate gutt Méiglechkeete fir Heidenheim, ma déi sollten net eragoen an esou gouf mat engem 0:0 d'Säite gewiesselt.

Och an der zweeter Hallschent huet Frankfurt sech ganz schwéier gedoe géint d'Defense vum Zweetligist, ma och Heidenheim soll kee Goal schéissen.

An der Verlängerung ass et dunn awer richteg lassgaangen. An der 95. Minutt huet de Boateng mat enger flotter Pass de Wolf geschéckt an deen huet de Gacinovic an der Mëtt fonnt, deen aus kuerzer Distanz fir d'Féierung gesuergt huet.

Ma d'Reaktioun vun Heidenheim ass direkt am Uschloss komm. De Schnatterer huet de Ball vu lénks an d'Mëtt geflankt, do huet de Verhoek de Hradecky am Goal irritéiert, esou dass kee méi un de Ball komm ass, dee dunn am Goal gelant ass.

An der 109. Minutt dunn eng riseg Chance fir d'Virentscheedung. Den Haller ass eleng op de Goal gelaf a wollt de Keeper tunnelen, ma dee krut d'Been nach mat Zäit zou an esou ass et beim 1:1 bliwwen.

Nëmmen e puer Sekonne méi spéit gouf den Haller vum Da Costa zerwéiert an déi Kéier huet hien sech d'Chance net entgoe gelooss an huet fir d'Entscheedung gesuergt.

SV Werder Bremen - SC Freiburg 3:2
Fir Bremen hätt d'Partie net vill besser kënnen ufänken. Nëmmen dräi Minutten huet et gedauert bis d'Equipe vun der Weser eng éischte Kéier markéiere konnt. Nodeems de Belfodil de Ball, no enger schlechter Ofwier vu Freiburg, recuperéiere konnt, huet hien eng Une-deux mam Gondorf gespillt a stoung fräi un der Strofraumgrenz an esou huet hien den 1:0 markéiert.

Den SC krut an der Ufanksphas einfach kee Fouss op de Buedem, dat géint eng Bremer Equipe, déi schonns am Mëttelfeld fréi attackéiert an esou ganz vill Drock opbaut.

An der 20. Minutt huet et du schonn nees gerabbelt. De Gondorf huet eng herrlech Pass an de Laf vum Kainz gespillt, dee sech am 1 géint 1 géint de Kübler behaapt huet an de Ball ganz dréchen an de kuerzen Eck geschoss huet. Keng Chance fir de Schwolow am Freiburger Goal.




Uschléissend ass Freiburg awer lues a lues an d'Partie komm. An der 28. Minutt ass de Kübler mat Tempo iwwer déi riets Säit komm an huet de Ball queesch eriwwer op de Ravet gespillt, deen an de Strofraum eragezunn ass an do vum Bargfrede vun de Bee geholl ginn ass. Den Onparteieschen huet op den Eelefmeterpunkt gewisen. Fir déi Affären huet Freiburg ee Spezialist an zwar den Nils Petersen. Deen huet sech där Saach dann och ugeholl an äiskal op 1:2 verkierzt.

Mat dësem Resultat sollt et och an d'Paus goen. An der zweeter Hallschent war Bremen awer weider déi méi dominant Formatioun. No engem béise Feeler an der Defense vu Freiburg huet de Bargfrede de Ball recuperéiert an huet aus 20 Meter ofgezunn an esou den 3:1 markéiert.

Freiburg huet de Match awer nach eng Kéier spannend gemaach, dat well de Ravet an der 87. Minutt mat engem flotte Schoss aus ronn 15 Meter op 2:3 verkierze konnt.

Borussia Mönchengladbach - Bayer 04 Leverkusen 0:1
Wéinst dem Verkéier huet d'Partie tëscht Gladbach a Leverkusen mat 10 Minutte Retard ugefaangen. An der 4. Minutt du schonns déi éischt geféierlech Aktioun vun de Gäscht. No engem Corner koum de Bender un de Ball an deen huet de Ball an de laangen Eck geschlenzt, de Sommer am Goal war geschloen, ma de Stindl huet op der Linn gerett.

Och wann déi éischt 10 Minutten de Gäscht gehéiert hunn, esou sinn d'Fohlen duerno awer besser an d'Partie komm an do stoung nawell ee Leverkusener am Mëttelpunkt an zwar de Bernd Leno. De Schlussmann vu Bayer huet ëmmer erëm missen zougräifen an huet mat flotten Arrête seng Equipe am Match gehalen. An der éischter Hallschent hat d'Lokalequipe zwar déi besser Chancen, ma markéiere konnt keng vu béiden Equippen, esou dass mat engem 0:0 d'Säite gewiesselt goufen.

Déi zweet Hallschent huet relativ roueg ugefaangen, béid Equippe wollte keng onnéideg Risiken agoen. An der 71. Minutt war et dunn awer esou wäit. No engem Feeler vum jonken Oxford huet de Volland de Bailey an d'Déift geschéckt, deen op lénks duerchgaangen ass an de jonken Jamaikaner ass virum Goal ganz cool bliwwen an huet de Ball laanscht de Sommer an de Goal geschoss.

© afp


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.