Lëtzebuerger Footballer am AuslandMetz wënnt zweete Match hannerteneen

E Mëttwoch den Owend huet Metz mat 3:0 géint Stroossbuerg gewonnen a feiert domat zweet Victoire hannerteneen.

© AFP (Archivbild)
De Chris Philipps an de Vahid Selimovic stounge beim FC Metz am Kader. De Vincent Thill gouf op Entscheedung vum Trainer net fir dëse Match nominéiert.

De Vahid Selimovic stoung bei der 3:0-Victoire 90 Minutte laang um Terrain. De Chris Philipps souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. De Mollet konnt an der 62. Minutt den 1:0 schéissen, nëmmen 8 Minutte méi spéit huet de Roux op 2:0 erhéicht.

De Rivière huet dunn an der 83. Minutt mam 3:0 fir d'Entscheedung gesuergt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.