Rodange huet een neien Trainer fonntDomenico Micarelli gëtt Successeur vum Séraphin Ribeiro

Um Mëttwoch huet den F.C. Rodange 91 bekannt ginn, dass den Domenico Micarelli d'Successioun vum Séraphin Ribeiro iwwerhëlt.

© F.C. Rodange 91
Den Domenico Micarelli gëtt assistéiert vum Co-Trainer Stefano Marinelli. Neie Goalkippstrainer gëtt de Cyrille Mathis.

Den neien Trainer huet schonns e puer Statiounen hei am Land als Trainer ze verzeechnen. Hie war ënnert anerem Trainer zu Käerjeng, Kielen, Lëntgen, Mënsbech, Wuermeldeng an zulescht zu Monnerech.

Den Yvon Dietz gëtt neien Directeur sportif.

Eréischt de leschte Freideg hat Rodange annoncéiert, dass si sech vum Trainer Séraphin Ribeiro trennen.

RTL-News: Football: De Séraphin Ribeiro a Rodange gi getrennte Weeër

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.