Neie RekordLëtzebuerg elo op Plaz 83 an der FIFA-Weltranglëscht

D'Lëtzebuerger Footballnationalequipe steet an der neister FIFA-Weltranglëscht op der Plaz 83. Dat ass dat bescht Klassement an der Geschicht vun der FLF.

D'Equipe vum Nationaltrainer Luc Holtz verbessert sech ëm 1 Positioun, a steet domat virun Natioune wéi Curaçao, Libyen, Wäissrussland, Estland, Armenien oder och nach Kanada.

Un der Spëtzt kënnt nach ëmmer de Weltmeeschter Däitschland, viru Brasilien an dem Europameeschter Portugal. Frankräich, géint dat d'Rout Léiwen an der WM-Qualifikatioun zu Toulouse 0-0 gläichgespillt hunn, ass op Plaz 9.

Top 10:

1 Däitschland 1602
2 Brasilien 1483  
3 Portugal 1358  
4 Argentinien 1348  
5 Belsch 1325  
6 Spuenien 1231  
7 Polen 1209  
8 Schwäitz 1190  
9 Frankräich 1183  
10 Chile 1162  


Link: De komplette Ranking vun der FIFA-Weltranglëscht

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.