Premier LeagueArsenal a Liverpool trenne sech um Freideg 3:3

Dobäi waren d'Reds ewell 2:0 vir am Ufank vun der zweeter Halschent.

Ma nodeems Coutinho (26.) a Salah (52. Minutt) fir Liverpool getraff haten, sinn d'Gunners zeréckkomm an hunn duerch Sanchez (53.) a Xhaka (56.) egaliséiert an zwou Minutten drop huet den Özil souguer fir den 3:2 fir Arsenal getraff.

Ma an der 71. huet de Roberto Firmino du fir d'Reds egaliséiert, esou datt d'Punkte gedeelt goufen.

Liverpool ass 4. an Arsenal ass 5. an der Tabell, wou Manchester City vir eng komfortabel Avance huet.

Resultater an Tabell.